Problem mam PC

Questions and problems with computers (hardware & software), Reviews ...<br>
.:: Preferred language(s): all<br>
.:: Permissions: Registered
Post Reply
Stevan
Posts: 7
Joined: Sunday, 05.02.2006 20:06
Location: Schuttrange

Problem mam PC

Post by Stevan »

Ma moien virdeischt emol, ech well mech hei kuerz virstellen, mein Numm ass Stevan Stankovic, an ech sin vun Schëtter, meng hobbyen sin Aviatioun an Elektronik, ech sin am Lycée technique des arts et métiers um Lampertsbierg op enger 9eme Théorique, an ech hun en Problem mat mengem PC.

Hei meng Konfiguratioun:
ASUS A8N-E Nforce4 Ultra
AMD Athlon 64 3000+ oced@ 1907,68Mhz (Normal 1800 Mhz)
2* 512 MB RAM OCZ
2 Sony Diskettenlaafwierker
Plextor PX 716A
Nec ND-3540A
Sapphire Radeon x1600xt 256 MB
12cm Prozessorlüfter
en Zalman ZM-NB47J Chipsetkühler mat engem lüfter drop, deen CS kühler deen drop war ass meega warm gin.
am geheis 2 12cm lüfter
enhance invasion ENH-0746G XA Netzdeel (460W)
Seagate ST3400832AS Barracuda 7200.8 (400GB)

AN dann , d´ Grafikkart as et net, dei haat ech zreckbruecht wou ech se kaaf hun an si hun se getest, keen problem.
Festplatt misst et o net sin, hun mat enger aanerer Probeiert.
RAM getest mat Memtest 86 keen problem.


An den Problem ass, wann ech eng 3d anwendung starten (3d mark 06, Microsoft Flight Simultaor, Age of Empires 3...) dann bleift entweder den bildschirm hänken, also den PC reageiert net mei, net mol wann ech op den aus knäppchen drecken, oder daat selwecht, nemmen daat den bildschirm schwaarz gett.
Mee am office Betrieb ass keen problem. :(
wees net waat ech soll maan...
Merci fir äer Hellef!!
Stevan Stankovic
Image
Image
User avatar
kabuki
Spends quite some time here
Posts: 383
Joined: Friday, 01.04.2005 20:11
Location: Luxembourg
Contact:

Post by kabuki »

Salut Stevan,

Hues de dei läscht versioun vun driveren drop an och den neitsten directX ?
As den problem plötzlech komm oder sait wann as deen entstaan ?

ciaoo
kabuki
Stevan
Posts: 7
Joined: Sunday, 05.02.2006 20:06
Location: Schuttrange

Post by Stevan »

Ma ech hun alles um aktuellsten stand och all biosen...
Ech hun den Problem schon vun emmer also zenter ech den PC kaaf hun.
Stevan Stankovic
Image
Image
User avatar
jc
Posts even during sleep
Posts: 515
Joined: Friday, 28.05.2004 18:37

Post by jc »

Moien Stevan,

Hues du de PC selwer zesumme gebaut? Wou hues du e kaaf?
Ech giff trotzdem op d'Graphicskaart tippen. Hues du dee rcihtegen Driver installéiert, oder haass du Problemer fir dee passenden Driver ze fannen?

Wann ech dech richteg verstaan hun, dann funktionnéiert alles perfekt, ausser d'3D Applikatiounen, oder?

Ciao
JC
Stevan
Posts: 7
Joined: Sunday, 05.02.2006 20:06
Location: Schuttrange

Post by Stevan »

Jo, dasss rischteg, ech hun en selwer zesummengabaut, an en geet och ausser bei 3d anwendungen.
Ech hun den catalyst 5.10, 5.13 an 6.1 dropgehaat, an ech haat och den omega driver 5.12 probeiert...
Stevan Stankovic
Image
Image
User avatar
mac
Posts even during sleep
Posts: 529
Joined: Tuesday, 19.11.2002 22:39
Location: Luxemburg

Post by mac »

Et kann och een Problem mat dem AMD gin, soll jo bekanntlech net mat all Soft laafen.

Mac.
Stevan
Posts: 7
Joined: Sunday, 05.02.2006 20:06
Location: Schuttrange

Post by Stevan »

Wei mengter soft, also OS en haat ech den XP Professionall, den xp 64 bit editioun an den 2000...
Stevan Stankovic
Image
Image
User avatar
kabuki
Spends quite some time here
Posts: 383
Joined: Friday, 01.04.2005 20:11
Location: Luxembourg
Contact:

Post by kabuki »

Crashed den computer beim lueden oder nodeem en e puer minuten 3d graphik duergestallt huet ?
Stevan
Posts: 7
Joined: Sunday, 05.02.2006 20:06
Location: Schuttrange

Post by Stevan »

Daat kennt drop un, bei medal of honor pacific assault z.b. beim lueden, an ech hun et 1 keier gepackt 15 minuten age of emipres III ze spillen..., soss kennt et drop un, wann ech z.b bei GTA SAn andreas schnell sin kommen ech bis an den ufank vum spill an dann bleift en do hänken, an beim Flight Simulator och...

P.S. wann ech z.b. well am catalyst control center puer astelungen maan, dann bleift en och hänken bei der durstellung vun deem Auto do deen fiert
Stevan Stankovic
Image
Image
User avatar
kabuki
Spends quite some time here
Posts: 383
Joined: Friday, 01.04.2005 20:11
Location: Luxembourg
Contact:

Post by kabuki »

Hun eng keier no denger graphik kaart gegoogled. Hun epps interessantes fonnt :

http://www.driverheaven.net/archive/ind ... 95484.html

Probeier och mol deng kaart mat 300/300 laafen ze loossen. Wann den problem dann nemmei besteht geif ech se direkt rem zreck gin.

ciaoo
kabuki
Stevan
Posts: 7
Joined: Sunday, 05.02.2006 20:06
Location: Schuttrange

Post by Stevan »

Ma den atitool erkennt d graka net mol, an wann ech do 300/300 dropmaan an op set clock klicken, dann gett den bilschhirm schwaarz an reageiert net mei.
Zreckhuelen wellen se se net mei, well se bei hinnen anscheinend ouni problem gelaaf ass?
Stevan Stankovic
Image
Image
User avatar
jc
Posts even during sleep
Posts: 515
Joined: Friday, 28.05.2004 18:37

Post by jc »

Maja, daat konfirméiert dann dass et un der Graphicskaart läit.
Et wier natirlech gudd fir en +- offizielt Dokument vun deem Problem ze hun fir am Geschäft ze reklaméieren.
Ech hun bessi gesicht, mee näischt Valabales um Netz fond.

Et giff mech net wonneren wann déi "Spezialisten" aus dem Geschäft deng Kaart guernet getest hätten!
Et as emmer méi einfach de Client als Dommen dohin ze stellen, wéi selwer eppes ze maachen.
Behaapt dech drop dass se net geet (dass et e Problem as dee bei ATI bekannt as) an dass du se gär emgetosch häss.

Bonne Chance
JC
Stevan
Posts: 7
Joined: Sunday, 05.02.2006 20:06
Location: Schuttrange

Post by Stevan »

Den Problem ass daat d Geschäft an deitschland ass -> http://www.alternate.de
An jo, do kann ech net sou einfach iergendeppes behaapten, well jo... dass mei kompilteiert, höchstens ech geif selwer dohinn fueren, mä daat gett deier.
Zreckginn kann ech se net an well sie soen daat se funktioneiert. Daat einfachst ass ech kaafen mer eng nei Grafikkaart.



***EDIT:
Ma ech hun elo mol meng grafikkaart ausgebaut, an den Lüfter&Killkierper eroofgeholl, an eppes interessantes erausfonnt:
ennert dem lüfter ass op enger plaatz den plastik verkuelt!!!!!, an ennendrenner sin 4 IC en, dei komesch ugeleidt sin, nämlech hun se 8 contacten 4 op all sait, an op der enger sait sin dei ICen schein all kontakt eenzel un d platin ugeleidt, mee op der aanerer seit sin dei 4 contacter all mateneen mat leitzënn verbonnen!!!!!!!! AN een vun deenen ICen LEIT GENAU OP DER PLAATZ WOU DEN LÜFTER VERKUELT AS!!!!!!!!!!!!
Ass daat en zoufall???? Mengter daat daat normal ass daat dei icen sou ugeleidt sin?
-> Mä elo hun ech den problem daat sie kennen soen ah dier sidd do drungaang soss hätt der daat o net gemierkt, an daat sie dann och keng garantie unerkennen.
Stevan Stankovic
Image
Image
User avatar
kabuki
Spends quite some time here
Posts: 383
Joined: Friday, 01.04.2005 20:11
Location: Luxembourg
Contact:

Post by kabuki »

Ech geif mol fotoen dervunner maan an dei ganz geschicht bei alternate mailen. Schreif hinnen sie hätten gesoot sie wier net defekt. Do häss de rem probeiert an sie wier net gaangen. Duerno hues de computer opgemaach an daat festgestallt.

Kanns jo och vlaicht en email un ATI schecken mat der foto an dei froen ob daat normal as.

hoffen daat klappt

p.s. kanns natirlech och rem proper zou maan an soen sie sollen der nach nei schecken. so einfach du häss an 2 computeren probeiert an et wier net gaangen
Post Reply