Problemer mat USB TO SERIAL

Questions and problems with computers (hardware & software), Reviews ...<br>
.:: Preferred language(s): all<br>
.:: Permissions: Registered
Post Reply
User avatar
mac
Posts even during sleep
Posts: 529
Joined: Tuesday, 19.11.2002 22:39
Location: Luxemburg

Problemer mat USB TO SERIAL

Post by mac »

Ech hun mir elo een Usb to Serial Adapter kaaf, well ob mengem Notebook keng Serial schnettstell ass.
Fir den Humax upzedaten brauch ech awer eng seriel, an ech well net emmer den Humax bei den Computer
schleefen.

Elo hun ech awer een Problem mam Usb to Serial Kabel.
Driveren sin richteg installeiert, mais den Transfert ob den Humax fonktioneiert net.

Kennt een deen Problem?

Mac.
User avatar
jc
Posts even during sleep
Posts: 515
Joined: Friday, 28.05.2004 18:37

Re: Problemer mat USB TO SERIAL

Post by jc »

mac wrote:Ech hun mir elo een Usb to Serial Adapter kaaf, well ob mengem Notebook keng Serial schnettstell ass.
Fir den Humax upzedaten brauch ech awer eng seriel, an ech well net emmer den Humax bei den Computer
schleefen.
Kleng Parenthese: Du häss dach och kënnen iwer LAN Kabel (Laptop <=> DM) fueren, oder?

Kuck mol ob deng Software um Laptop den USB Port richteg als COM Port emuléiert.
Deen Port muss dann och op der Software agestallt sin, déi's de benotz fir op DM500 ze kommen (misst COM5 oder 6 sin).
User avatar
mac
Posts even during sleep
Posts: 529
Joined: Tuesday, 19.11.2002 22:39
Location: Luxemburg

Re: Problemer mat USB TO SERIAL

Post by mac »

jc wrote:Kleng Parenthese: Du häss dach och kënnen iwer LAN Kabel (Laptop <=> DM) fueren, oder?

Kuck mol ob deng Software um Laptop den USB Port richteg als COM Port emuléiert.
Deen Port muss dann och op der Software agestallt sin, déi's de benotz fir op DM500 ze kommen (misst COM5 oder 6 sin).
Ob Dreambox fueren ech och iwert Lan oder Wlan.
Mais ob den Humax kommen ech nemmen iwert den Serialport.
Iwert main Lantronix (Serial to Lan) kommen ech net ob den Humax, nemmen iwert den Serialport.

Den Serialcomport am Notebook den Comport 4 hun ech och am WDN4OAK agestallt.
Ech kreien den Humax awer net ugesprach.

Schengt een Problem ze sin mam emwandelen vun Usb ob Serial.

Mac.
User avatar
jc
Posts even during sleep
Posts: 515
Joined: Friday, 28.05.2004 18:37

Re: Problemer mat USB TO SERIAL

Post by jc »

mac wrote:Ob Dreambox fueren ech och iwert Lan oder Wlan.
Mais ob den Humax kommen ech nemmen iwert den Serialport.
Iwert main Lantronix (Serial to Lan) kommen ech net ob den Humax, nemmen iwert den Serialport.
Tja, dee liese kann as kloer am Virdeel ;)
Ech haat ganz iwersin dass du vum Humax geschwaat hass an net vun der DM500...oops...
mac wrote:Den Serialcomport am Notebook den Comport 4 hun ech och am WDN4OAK agestallt.
Ech kreien den Humax awer net ugesprach.

Schengt een Problem ze sin mam emwandelen vun Usb ob Serial.
Ech gin dovun aus dass dee Programm deens du benotz fir dech op den Humi ze connectéieren, keng positiv Äntwert kritt wanns du den COM4 uschwätz. Probéier mol den Driver komplett vum Laptop ze läschen an frësch ze installéieren (wanns du daat nach net gemaach hues). Kuck deng usb2com Astellungen genau no.
Vläicht hëlleft et och schon wanns de e puer mol probéiers dech ze connectéieren.
Désaktivéier de Firewall um Laptop mol, fir ze kucken op en Traffic op den Adapter od. Humi initiéiert get.
As op dengem Adapter keng LED drop, déi misst liichten wann en Transfer leeft? Wann jo, blenkt déi?
Du kinns evtl. och en aaneren serial port Apparat uschléissen ausser dem Humax. (Ech mengen zwar net dass do e Problem as).
Post Reply