Wlan SMC Router 7804

Questions and problems with computers (hardware & software), Reviews ...<br>
.:: Preferred language(s): all<br>
.:: Permissions: Registered
Post Reply
User avatar
mac
Posts even during sleep
Posts: 529
Joined: Tuesday, 19.11.2002 22:39
Location: Luxemburg

Wlan SMC Router 7804

Post by mac »

Salut,

Huet vielleicht een vun iersch eng gudd Doc. fir een Wlan Router
richteg ze konfigureieren.
Ech hun een Smc 7804 WRB, Wireless Router.

Mac.
User avatar
geohei
Site Admin
Posts: 3388
Joined: Tuesday, 19.11.2002 07:56
Location: Luxembourg
Contact:

Post by geohei »

Bei SMC sin all docs.
Waat wells du genau wessen?
Image
User avatar
mac
Posts even during sleep
Posts: 529
Joined: Tuesday, 19.11.2002 22:39
Location: Luxemburg

Post by mac »

geohei wrote:Bei SMC sin all docs.
Waat wells du genau wessen?
Ech wollt am Fong wessen wei ech am beschten een Wlan konfigureieren dat et secher an fiabel ass.

Fir den Moment hun ech nach Problemer domadder fir mech mam Notebook ze connecteieren.
Testen den Owend emol nach een bessi.
:lol:

Mac.
User avatar
geohei
Site Admin
Posts: 3388
Joined: Tuesday, 19.11.2002 07:56
Location: Luxembourg
Contact:

Post by geohei »

mac wrote:Ech wollt am Fong wessen wei ech am beschten een Wlan konfigureieren dat et secher an fiabel ass.
"fiabel" am Senn vun Security oder Stability?

Bon ...

Ech fänken emmer ouni Security un, loosen alles ob an maachen et dann no an no méi secher.

- Änner den SSID an eppes wéi "mac_wlan". Loos den default SSID ob keen Fall stoen!
- Loos Encryption aus.
- Huel een Channel deen 2 ewech ass vun den Extremitéiten. Wann 1 min. ass, huel weinstens 3. Wann 14 max. ass, huel hechstens 12. All Channel iwerschneid 2 Channels ob all Sait. Daat ass wichtech wanns du +1 Access Points (AP) hues.
- Wiel 802.11b/g (oder 11/54 Mbps). Domat erreechs du déi greisten Compatibilitéit.
- Loos um Router den MAC Filter aus.

Wann daat geet, maach alles lues an lues zoe.

- Huel WEP, deen offiziell net méi secher, mee awer nach secher genuch fir den Hausgebrauch. Fir WEP ze knacken muss een bei 54 Mbps #5 Stonnen vollen Traffic tracken fir emol eng Chance ze hun den Key ze fannen. Ech huelen emmer 13 Bytes (ASCII, 128 Bit). Daat geet duer. Wanns du Geräter hues, wéi dain iPAQ, déi keen WPA huelen, muss du mat WEP fueren. Zu WPA kann ech dir leider neischt soen.

Wann daat geet ...

- Schalt den MAC Filter am Router an. Des Security ass och ze knacken, well een deng MAC Adresse kann scannen an herno faken.

Wann daat geet ....

- Schalt den SSID oof. Des ass och méigelech ze scannen, mee dreiht weider zur Security bei. Den 802.11 Standard seet, dass den SSID muss ugeschalt sin. Jenodeem wellecht Gerät's du bedreifs, geet et net. Den SMCWEBT-G ass esoe een Fall (ex. SMC2870W AP/Adapter/Bridge akzeptéiert nach SSID off).

Daat wor et!

Den Otto-Normal-Knacker hued et heibei schon zimmlech schwéier. Fir den Profi ass daat hei eng liecht Hausaufgab.

Wanns du nach Froen hues ... posten ...

HTH
Image
Post Reply