Hmmm ... mir haaten schon driwer geschwaat ... ech hun mech elo iwer déi "sector replacement" strategy vun den Festplacken e bessi schlau gemaat. Et schengt esoe, dass wann et keng frai replacement sectoren méi gin = wann se all opgebraucht sin, dass dann den ganzen File esoe kopéiert gett als wir en ok. Woue déi futtis Sektoren woren, iwergett d'Firmware vun der festplack entweder Nullen, oder awer ondefinéiert Daten. Fait ass awer anscheinend dass d'Filelength dem orginal entsprecht, also do keen Ennerscheed ass. Mat enger .sig (wéi bei mir) fennt een awer eraus dass den File korrupt ass.jc wrote:Et sin jo verschidde Sektore um HD futti. Déi Daten kriss du net méi erem.
Doduerch kriss de dee komplette Film och net méi op en aneren HD kopéiert obschon just vläicht e puer Sekonne vum ganze Film betraff sin.
Wanns de lo z.B. den Norton Disk Doctor driwerlaafe léis, dann schreiwt deen den Film op eng aner Plaatz vum HD ouni di futti Sektoren. Waat mat sech brengt dass du de Film duerno trotzdem kanns kopéieren.
Oder schwätzen mir laanscht eneen?
Ech froen daat do awer nach eemol an enger NG no.
Stay tuned ...