LuxFibre

Froen iwer LuxDSL an LuxFibre
.:: Preferred language(s): lux
.:: Permissions: Registered
User avatar
kabuki
Spends quite some time here
Posts: 383
Joined: Friday, 01.04.2005 20:11
Location: Luxembourg
Contact:

Re: LuxFibre

Post by kabuki »

En Kolleg kruut haut den VOFibre 30. En huet ISDN.
NT2ab an den Speedtouch splitter sinn ab, an duerch en xDSL Module gewiesselt ginn. Den Agreeff huet ca 20 Minutten gedauert
DM800 S2
DM7020 S

Wave Frontier T90
13°-19,2°-23,5°-28,5°
Ubuntu-OSCAM 1.20-unstable svn build #6644
DM800-OSCAM 1.10rc-svn build #5983
Connection:
Image
User avatar
kabuki
Spends quite some time here
Posts: 383
Joined: Friday, 01.04.2005 20:11
Location: Luxembourg
Contact:

Re: LuxFibre

Post by kabuki »

Hei sin 2 VOFibre 30 Speedtests vun Esch:

Image
Image
DM800 S2
DM7020 S

Wave Frontier T90
13°-19,2°-23,5°-28,5°
Ubuntu-OSCAM 1.20-unstable svn build #6644
DM800-OSCAM 1.10rc-svn build #5983
Connection:
Image
User avatar
jerfis
Beginner
Posts: 45
Joined: Sunday, 20.12.2009 17:58
Location: Luxembourg

Re: LuxFibre

Post by jerfis »

Salut,

Main Tango Blue 30M leeft wonnerbar. Download baal 30 upload 11. Meng aal Telnummer leeft iwer VOIP. Besser kann et net sin. An alles fir 49,90€.
Uewen stin meng Results.

Jerry
1612825259.png
1612825259.png (32.35 KiB) Viewed 7583 times
1612829300.png
1612829300.png (32.73 KiB) Viewed 7583 times
User avatar
geohei
Site Admin
Posts: 3388
Joined: Tuesday, 19.11.2002 07:56
Location: Luxembourg
Contact:

Re: LuxFibre

Post by geohei »

kabuki wrote:Hei sin 2 VOFibre 30 Speedtests vun Esch:

Image
Image
Hmmm ... ass daat do normal?
Ech haat mir do e bessi méi erwaard!
Leit daat um Provider oder un der Hardware vum VDSL Glas/Koffer/Distanz?
Géif mch emol interesséiren ...
kabuki wrote:En Kolleg kruut haut den VOFibre 30. En huet ISDN.
Kanns du emol een Speedtest vun dengem Kolleech posten?
Merci!

BTW ... den komtiki (LuxFibre) hued och besser Werter (ähnlech wéi den jerfis).
Image
User avatar
kabuki
Spends quite some time here
Posts: 383
Joined: Friday, 01.04.2005 20:11
Location: Luxembourg
Contact:

Re: LuxFibre

Post by kabuki »

Daat do sin seng Werter, soen en soll mol nach een maan. En as iwwregens an engem Appartementshaus, net datt daat eng Roll spillt vum cablage hier.
DM800 S2
DM7020 S

Wave Frontier T90
13°-19,2°-23,5°-28,5°
Ubuntu-OSCAM 1.20-unstable svn build #6644
DM800-OSCAM 1.10rc-svn build #5983
Connection:
Image
User avatar
jerfis
Beginner
Posts: 45
Joined: Sunday, 20.12.2009 17:58
Location: Luxembourg

Re: LuxFibre

Post by jerfis »

Huet naischt mat Appartementshaus ze din. Ech wunnen och an engem Appartementshaus an hun 30down 11-12up. Laut Techniker huet et och naischt mat der Distanz zum Boîtier ze din.
User avatar
geohei
Site Admin
Posts: 3388
Joined: Tuesday, 19.11.2002 07:56
Location: Luxembourg
Contact:

Re: LuxFibre

Post by geohei »

kabuki wrote:Daat do sin seng Werter, soen en soll mol nach een maan. En as iwwregens an engem Appartementshaus, net datt daat eng Roll spillt vum cablage hier.
Ah ... ech haat gemengt daat wier bei dir. Ok.
Wéini kriss du dain dann?

Mengen och dass et neischt mat Haus oder Apt. ze din hued.

Hun elo graat mat VO geschwaat well ech och eventuel een Kabel Problem hun (Längt an Qualitéit). Sie soen ganz kloer, das zu 95% vun den Fäll 30/10 an d'Haus eran kennt, an dass Reduktiounen vum DL/UL meeschtens ob een schlechten oder ze laangen Kabel zweschen Splitter an Router zreckzeféiren ass.
jerfis wrote:...
Laut Techniker huet et och naischt mat der Distanz zum Boîtier ze din.
Wellechen "Boitier" mengs du?
Den Splitter oder den DSLAM vun der P&T?
Image
User avatar
geohei
Site Admin
Posts: 3388
Joined: Tuesday, 19.11.2002 07:56
Location: Luxembourg
Contact:

Re: LuxFibre

Post by geohei »

Hei eng e-mail vum 18.11.2011 déi ech un P&T gescheckt hun.
Bonjour.

Ech wier froe wann Dir des Email gifft un d'directioun commerciale
weidergeleed gin.

P&T verlaangt 1.99.- Euro fir Public IPv4 ... PRO MOUNT!
Konkurrenz (VO, Tango, ...) schwätzt emol net dovun.
Et kritt een einfach gratis.

P&T ass 5.- Euro méi deier um Abo wéi Konkurrenz.

P&T blockéiert Client mat FritzBox Preis fir 1 oder 2 Joer.
Tango net (VO och).

FritzBox hued pripriétaire Firmware.
Konkurrenz net!

95 Installationsfrai'en, jhust fir LuxFibre an Betrieb ze huelen. Ass un
sech schon vill ze deier. Konkurrenz gett den Netto Preis weider. Daat
ass 5.- Euro manner (89.90).

SMTP Port 25 ass ob den P&T Server blockéiert. Den Client kritt och nach
firgeschriwen wellechen SMTP Server hien ze benotzen hued.

Waat hun ech vergiess ...?

Als langjärechen Integral Client fillt een sech do net nemmen e beschen
bei d'Lisette geloss!

Mengt Dir net dass dest e bessi zevill ass.

Ech verstinn dass eng Firma well/muss Suen verdengen, mee daat do ass
liecht iwerdriwen!

Ech wier froe wann Dir mir kéint een Argument soen wéinswaat ech bei
Integral soll bleiwen. Id est wéinswaat soll ech esoe vill méi bezuehlen
an gleichzeitech méi Restrictiounen an Kaaf huelen?

Mat beschte Gréiss,
Sie hun mech haut zreck ugeruff. D'Gespréich hued +30 Minuten gedauert. Ech well eigentlech bei Integral bleiwen well ech change resistent sin, mee P&T kann einfach net mathaalen. D'commerciel money hungy Attitude vun der P&T ass einfach ze schlecht cachéiert.

Daat mat dem Port 25 (SMTP) ass eng Approche vun der P&T fir Spam ze reduzéiren resp. ze verhenneren dass ganz IP ranges vun der P&T international wéins Spam zoe gemaat gin (kennt bei der Telekom an Deitschland öfters fir). Mee bei allen aaneren Punkten haaten sie leider keng valable Erklärungen. Ech waarden nach ob Detailer vum kabuki sengem VO Uschloss an dann gin ech och bei VO!
Image
User avatar
kabuki
Spends quite some time here
Posts: 383
Joined: Friday, 01.04.2005 20:11
Location: Luxembourg
Contact:

Re: LuxFibre

Post by kabuki »

Salut geohei,

Ech hun nach keen Datum fir VOFibre installatioun. Ech rechnen mat Mett-Enn Dezember. Delai'en leien bei ongefeier engem Mount.

kabuki
DM800 S2
DM7020 S

Wave Frontier T90
13°-19,2°-23,5°-28,5°
Ubuntu-OSCAM 1.20-unstable svn build #6644
DM800-OSCAM 1.10rc-svn build #5983
Connection:
Image
User avatar
geohei
Site Admin
Posts: 3388
Joined: Tuesday, 19.11.2002 07:56
Location: Luxembourg
Contact:

Re: LuxFibre

Post by geohei »

@kabuki

Ok. Merci.

Hues du och nach keng Infos iwer d'Verkablung Splitter/Router (Längt Kabel an Qualitéit) vun dengem Kolleech, wous' du d'Tester (speedtest.net) gepost hues?
Giff mech brennend interesséiren well ech wahrscheinlech den selwechten Problem hei hun/kréien.

TIA
Image
User avatar
kabuki
Spends quite some time here
Posts: 383
Joined: Friday, 01.04.2005 20:11
Location: Luxembourg
Contact:

Re: LuxFibre

Post by kabuki »

Fier d'Archiv, hei as en speedtest vun Esch. P&T 10 Mbps DSL

Image

Ech posten deen neien soubaal ech "fibre" hun. VO huet mech iwwer twitter kontakteiert well mer do iwwer vofibre diskuteiert hun. Sie wellen kucken datt et schnellstmeiglechst geet.

kabuki
DM800 S2
DM7020 S

Wave Frontier T90
13°-19,2°-23,5°-28,5°
Ubuntu-OSCAM 1.20-unstable svn build #6644
DM800-OSCAM 1.10rc-svn build #5983
Connection:
Image
User avatar
mac
Posts even during sleep
Posts: 529
Joined: Tuesday, 19.11.2002 22:39
Location: Luxemburg

Re: LuxFibre

Post by mac »

Klengt alles interessant.

Sin eventuell och un VOFibre interesseiert.

Kucken emol wat dat neit Joer brengt.

No den Infoen vum Georges, waert ech dann main Integral och obgin.
Muss awer nach checken, well ech hun eng Suscriptioun vun 2 Joer. An ech mengen dat ech nach keng 2 Joer den Integral hun.

Mac.
Image
User avatar
kabuki
Spends quite some time here
Posts: 383
Joined: Friday, 01.04.2005 20:11
Location: Luxembourg
Contact:

Re: LuxFibre

Post by kabuki »

Kruut haut Post vun VO:

Den 13. Januar kommen se installeiren.

ciaooo
kabuki
DM800 S2
DM7020 S

Wave Frontier T90
13°-19,2°-23,5°-28,5°
Ubuntu-OSCAM 1.20-unstable svn build #6644
DM800-OSCAM 1.10rc-svn build #5983
Connection:
Image
User avatar
jc
Posts even during sleep
Posts: 515
Joined: Friday, 28.05.2004 18:37

Re: LuxFibre

Post by jc »

Salut alleguer,

De VOfiber as definitiv déi beschten Glasfaserléisung hei am Land. Si hun di mansten Restriktiounen a sin och am bellegsten (cf. main Post op der 1. Sait).

D'Post as a bleiwt leider onflexibel souwuel an hierer Praisspolitik wéi och am Service, mee dofier hun se VO jo kaaft, déi méi zukunftsorientéiert sin.
(Beim SMTP Port kann een den Port 587 als Alternativ huelen fir den 25).

Tele2 as gudd soulang alles klappt, dh Service après-vente as null.
Ech haat Integral Plus. Si sait 3 Joer schon mam Handy bei LuxGSM gewiesselt, well et Problemer mat menger Rechnung gouf déi si ni emstand ze léise waren. Um Helpesk war nëmmen blabla, an hierem Shop konnten se daat leider net kucken an zu Bartreng (an hierem Sëtz) wart ee bal 1 Stonn éier een un d'Reih kënnt.
Se hun lo di läscht Méint de Clienten ugeruff fir op hiere Bluepower ze wiesselen oder dee laafende Kontakt ze verlängen, fir z'evitéieren dass ee bei d'Konkurrenz geet. Ech haat do e längert Gespréich (se hu mech souguer zreck ugeruff), mee méi wi an hierer Brochure steet, konnten se mer och net soen. Ech hun nämlech eng Alarmanlag déi direkt un der Telefonslin hänkt, an daat as mat Glasfaser schwiereg. Fir mech as daat Thema Tele2 giess.

VO hun hieren eegene System fir Liichtimpulser duerch der Post hieren Glasfaser ze schecken (dh si lounen just eng "Darkfiber"). Di aner all lounen der Post hiere komplette System. Fier de User ännert daat wahrscheinlech net vill...soulang et leeft. Wann daat awer net de Fall as, dann kann ech mer schon rem vierstellen waat ech bei der Tango Helpline gezielt kréien..."c'est pas nous...on va faire un ticket helpdesk chez la Post...an et kënnt nie eng Äntwert..".
Waat kann änneren as den Uschloss deen an d'Haus oder Appartement geet, dh Glasfaser oder Koffer (VDSL). Dass am Haus selwer e Kabel soll dee Vitessennerscheed ausmaachen kann ech mer schlecht vierstellen, ausser wann et wierklech >20m sin an e de Kabel as kee CAT5 zB.
Ech emfroe mech mol nach eng Kéier.
Ah jo, ech wollt just kloerstellen dass ech keng Prozenter bei VO kréien fir dest ze schreiwen :)

Happy surfing
JC
User avatar
mac
Posts even during sleep
Posts: 529
Joined: Tuesday, 19.11.2002 22:39
Location: Luxemburg

Re: LuxFibre

Post by mac »

@Georges,

Den Laurent Schank (lspv) hued elo Luxfiber kritt vun der Post an seng dyndns geet net.
Dat heescht hien muss sech elo den Public IPV4 ufroen.

Ass dat esou richteg.

Mac.
Image
Post Reply