Review: FRITZ!Box FON WLAN

Questions and problems with computers (hardware & software), Reviews ...<br>
.:: Preferred language(s): all<br>
.:: Permissions: Registered
Post Reply
User avatar
geohei
Site Admin
Posts: 3388
Joined: Tuesday, 19.11.2002 07:56
Location: Luxembourg
Contact:

Review: FRITZ!Box FON WLAN

Post by geohei »

Een klengen Review iwer d'FRITZ!Box.

Screenshots vum Web Interface:
http://www.geohei.lu/geoheiIM/categories.php?cat_id=128
Wann een registréiert gesait een se grouss (den Download ass nach méi grouss). Ech hun leider vill Daten missen ghosten, well den geoheiIM public ass.


Waat en hued ... :) :

- Et hued een besser déi deitsch Firmware drop ze spillen, well déi méi rezent ass. Historesch wor et nach emmer esoe, daß déi englesch Versiounen stiefmütterlech vun AVM gepflegt gouffen.

- Daat Flott un desem Router ass, daß een den ISDN zesummen kann mam DSL an den Router féiren. Duerfir leit eng speziell Kabelpeitsch bei. Fonktionéiert ouni Problem mam lux. ISDN & DSL.

- D'Konfiguratioun vum DSL ass net standard. Sie gin deitsch Provideren fir, mee den LuxDSL vun der P&T ass natierlech net dobei. Et kann een awer all Parameter getrennt astellen (VPI, VCI, Encapsulation).

- Am Allgemengen sin immens vill Statisktikfeatures dran. Et gesait een och ganz genau, wenn weini ugeruff hued, och wann et keen Gespreich iwer VOIP wor. All ISDN Traffic leeft jo och iwer d'FRITZ!Box.

- USB Printers gin ouni Weideres richtech erkannt. Et kann een een USB Printer uschléissen oder een Massenspeicher. Fir den Printer am WinXP/2000 ze benotzen, kann een entweder (1.) d'FRITZ! Software installéiren, oder awer (2.) den Emwee iwer den IP Router maachen. (1.) hun ech net esoe gär, well do ganz vill mat installéiert gett waat een brauch/well. (2.) ass net dokumentéiert, mee awer keen greisseren Problem (posten ech méi speit).

- Et gesait een ze all Moment mat wellecher Speed wellecht WLAN Gerät gekoppelt ass.

- Port-Forwarding an Port-Redirection (wichtech !) ass méigelech! Main aalen SMC haat keen Port-Redirection net.

- dyndns ass vir verschidden Provideren agebaut. Leeft 100%ech mat dyndns.org.

- VOIP fonktionéiert perfekt mat VisualOnline. Ech hun d'Leitung enner voller Laascht (eMule & Azureus simultan) getest, an d'Gespreich wor fleissend. D'SIP Packets gin effektiv prioritiséiert. Et ass jhust een liechten Delay an der Leitung. D'Qualitéiert ass wéi den ISDN. Wann een et well testen ... meng Nummer ass 20404000.

- Als ISDN hun ech een Gigaset 3000 hei stoen. Et besteht och eng gudd Kommunikatioun (ISDN A Channel, administrativ Daten) zweschen der FRITZ!Box an dem Gigaset. D'FRITZ!Box seet dem Gigaset z.B. ob den Uruff ISDN ass oder VOIP, an schreift et an den Gigaset Display. Ech wousst guer net daß esoe eppes méigelech wir.

- Gadget: Et kann een een Wecker astellen, daß den Tel. zu eng gewesser Zait schellt.

- Am WLAN kann een a/b mat WEB/WPA/WPA2 astellen. Standard! D'Qualitéiert vum Signal ass identesch zu deem vum SMC, woebei den SMC 2 Antennen haat, d'FRITZ!Box allerdengs nemmen eng kleng.

- Et kann een sech an definéierbaren Oofstänn een Raport iwer all Aktivitéiert schecken loosen. Ech hun daat ob all Daach agestallt. Ass interessant!

- Bei engem automateschen Firmwareupdate bleift d'Konfiguratioun erhaalen.



Waat feelt ... :(

- MAC Adressen fir fest IP'en ze definéiren (Firewall) :(

- Remote Web Interface; et geet nemmen lokal :(



Wann Froen sin, hei posten.
Image
User avatar
mac
Posts even during sleep
Posts: 529
Joined: Tuesday, 19.11.2002 22:39
Location: Luxemburg

Post by mac »

Klengt interessant.

Waat hues du dofir bezuelt ?


Mac.
Image
User avatar
geohei
Site Admin
Posts: 3388
Joined: Tuesday, 19.11.2002 07:56
Location: Luxembourg
Contact:

Post by geohei »

mac wrote:Klengt interessant.

Waat hues du dofir bezuelt ?

Mac.
Ech krut en zum Akaafspreis iwer een Kolleech fir #160.- €, en kascht awer bei Alternate 199.- IIRC.
Image
Post Reply