S.M.A.R.T. failure + SATA RAID Kaart

Questions and problems with computers (hardware & software), Reviews ...<br>
.:: Preferred language(s): all<br>
.:: Permissions: Registered
User avatar
geohei
Site Admin
Posts: 3388
Joined: Tuesday, 19.11.2002 07:56
Location: Luxembourg
Contact:

S.M.A.R.T. failure + SATA RAID Kaart

Post by geohei »

Hallo.

Bei mir ass den Metten eng Festplack an den Nirwana gaang. Den S.M.A.R.T. diagnostic test seet "fail", ouni Details (kann theoretesch vill sin). Probéiren déi nach erauszefannen an posten se hei.

1. Hued een eng Idee wéi ech eventuell nach un meng Daten kommen?
2. Hued schon een eemol eng Festplack un eng Recovery Firma gescheckt? If yes, waat hued et kascht?

Domat daat do net méi geschidd, well ech elo RAID 5. Redundanz bei optimiséierter Download Speed, mee luesen Write Access (waat soeweisoe net esoe wichtech ass).

1. Ech well mir eng SATA RAID Kaart zoeleen. Hued een eng gudd Propose ze maan :D :?:
2. Hued een Erfahrung mat SATA an/oder RAID?

TIA

Ciao.
Image
User avatar
jc
Posts even during sleep
Posts: 515
Joined: Friday, 28.05.2004 18:37

Re: S.M.A.R.T. failure + SATA RAID Kaart

Post by jc »

Misère :? , daat as jo meeschtens esou wann ee kee Backup huet.
geohei wrote:Bei mir ass den Metten eng Festplack an den Nirwana gaang. Den S.M.A.R.T. diagnostic test seet "fail", ouni Details (kann theoretesch vill sin). Probéiren déi nach erauszefannen an posten se hei.
Op der Maxtor.com Säit get et en Tool fir diagnostic ze maachen, vläicht fënns de domat méi eraus.
geohei wrote:1. Hued een eng Idee wéi ech eventuell nach un meng Daten kommen?
Kënns du guernet méi op den HD drop? Wann just e puer Sektoren "futti" sin, dann kanns du awer sëcher nach di meeschte Saachen kopéieren, oder?
Ech hun do och nach e Recovery Programm, mol kucken op ech en eremfannen.
geohei wrote:1. Ech well mir eng SATA RAID Kaart zoeleen. Hued een eng gudd Propose ze maan :D :?:
2. Hued een Erfahrung mat SATA an/oder RAID?
Ech hun SATA/RAID um Motherboard drop, a vun sou Kaarten net vill Ahnung.
Waat ech schon mat Raid/Sata gemaach hun as a mirroring mat 2 HDen. Daat heescht de Computer späichert automatesch alles op deenen 2 HDen gläichzäiteg. Daat huet natirlech de Virdeel dass, wann een HD de Geescht op get, nach alles op deem aaneren drop. Daat klappt tiptop.
User avatar
geohei
Site Admin
Posts: 3388
Joined: Tuesday, 19.11.2002 07:56
Location: Luxembourg
Contact:

Re: S.M.A.R.T. failure + SATA RAID Kaart

Post by geohei »

jc wrote:Misère :? , daat as jo meeschtens esou wann ee kee Backup huet.
Bei 600 GB Filmer kann ech keen Backup maan. Ech denken duerfir elo un RAID 5. An der c't 03/2005 ass een immens gudden Artikel iwer SATA an RAID.
jc wrote:Op der Maxtor.com Säit get et en Tool fir diagnostic ze maachen, vläicht fënns de domat méi eraus.
Et ass genau deen Tool (PowerMax 4.21) mat deem ech erausfont hun waat lass ass. Den Tool speitzt mir een Diagnostic Code aus an verweist mech op eng RMA Sait (gesait net gudd aus).
jc wrote:Kënns du guernet méi op den HD drop? Wann just e puer Sektoren "futti" sin, dann kanns du awer sëcher nach di meeschte Saachen kopéieren, oder?
Ech hun do och nach e Recovery Programm, mol kucken op ech en eremfannen.
Nee, kommen mam Windows un neischt méi drun. Probéiren herno emol d'Laafwierk vum Stroum ze huelen an oofkillen ze loosen. Et hued 58 Grad, villeicht ass dann nach eppes ze maan.
jc wrote:Ech hun SATA/RAID um Motherboard drop, a vun sou Kaarten net vill Ahnung.
Waat ech schon mat Raid/Sata gemaach hun as a mirroring mat 2 HDen. Daat heescht de Computer späichert automatesch alles op deenen 2 HDen gläichzäiteg. Daat huet natirlech de Virdeel dass, wann een HD de Geescht op get, nach alles op deem aaneren drop. Daat klappt tiptop.
Daat ass RAID 1. Ech probéiren RAID 5 (mat XOR Bleck vun 64 KB). Domat kann een eng futtis Plack erem zreckkréien. Allerdengs wann der 2 ausfaalen gesait et genau esoe schlecht aus wéi bei RAID 0. Den SATA Controller kann awer am Fall vun enger Failure eng e-mail schecken (gudd fir Servers wéi bei mir) oder um Screen een Popup produzéiren. Egal wéi wees een dass een eng nei Plack soll/muss asap. dran setzen. Ech muss nach jhust kucken ob main Netzdeel daat aushellt (an main Porte monnaie :) ).
Image
User avatar
jc
Posts even during sleep
Posts: 515
Joined: Friday, 28.05.2004 18:37

Re: S.M.A.R.T. failure + SATA RAID Kaart

Post by jc »

geohei wrote:Nee, kommen mam Windows un neischt méi drun. Probéiren herno emol d'Laafwierk vum Stroum ze huelen an oofkillen ze loosen. Et hued 58 Grad, villeicht ass dann nach eppes ze maan.
Jo, et as eng Idee fir d'Laafwierk mol e bessi ofkillen ze loossen, dann erkritt et sech vläicht.
Ech haat daat do och firun 2 Méint, ech haat awer d'Chance nach drop ze kommen an en Deel vun den Daten ze kopéieren.

De Programm deen ech gemengt haat as den Recover4all, mee daat as fir geläschte Files erem ze kréien, deemno net daat richtegt fir dech.

Et gesäit effektiv net gudd aus. :(
User avatar
mac
Posts even during sleep
Posts: 529
Joined: Tuesday, 19.11.2002 22:39
Location: Luxemburg

Post by mac »

Ech haat och emol een Hardisk deen de Geescht obgin huet, an hun mech dun
een bessen um Internet reseigneiert waat et kaascht fir Daten erem ze recoveren
vun enger spezialiseierter Firma.
Do kenns de un Praisser erun wou et besser ass fir et sin ze lossen, oder dir deng
Filmer ob DVD ze kaafen, waat och mei belleg get.

Praisser leien esou bei 1000 bis 10000€ an nach mais.

Hei een Site vun villen.

http://www.datenretter.de/preise.htm

Cu.

Mac.
User avatar
geohei
Site Admin
Posts: 3388
Joined: Tuesday, 19.11.2002 07:56
Location: Luxembourg
Contact:

Re: S.M.A.R.T. failure + SATA RAID Kaart

Post by geohei »

jc wrote:...
Et gesäit effektiv net gudd aus. :(
Hmmm ... hei een Link, woe ech an eng Newsgroup gepost hun. Den eischten Artikel feelt (Feeler vun Google).
http://groups-beta.google.com/group/de. ... f6a95f2745

Ech hun esoe lues daat Gefill et hued mat der Partition Table ze din.

Ech hun EVEREST iwer déi futti's Festplack laafen geloos. SMART weist keen Fehler un (PowerMax 4.21 awer ?!).

Code: Select all

ID	Attribute Description	Threshold	Value	Worst	Data	Status
03	Spin Up Time	63	252	252	2504	OK: Value is normal
04	Start/Stop Count	0	253	253	8	OK: Always passing
05	Reallocated Sector Count	63	253	253	9	OK: Value is normal
06	Read Channel Margin	100	253	253	0	OK: Value is normal
07	Seek Error Rate	0	253	252	0	OK: Always passing
08	Seek Time Performance	187	252	251	54171	OK: Value is normal
09	Power-On Time Count	0	226	226	37565	OK: Always passing
0A	Spin Retry Count	157	252	252	0	OK: Value is normal
0B	Calibration Retry Count	223	252	252	0	OK: Value is normal
0C	Power Cycle Count	0	253	253	80	OK: Always passing
C0	Power-Off Retract Count	0	253	253	0	OK: Always passing
C1	Load/Unload Cycle Count	0	253	253	0	OK: Always passing
C2	Temperature	0	253	253	37	OK: Always passing
C3	Hardware ECC Recovered	0	253	252	4075	OK: Always passing
C4	Reallocation Event Count	0	253	253	0	OK: Always passing
C5	Current Pending Sector Count	0	253	253	4	OK: Always passing
C6	Off-Line Uncorrectable Sector Count	0	252	252	1	OK: Always passing
C7	Ultra ATA CRC Error Rate	0	253	253	0	OK: Always passing
C8	Write Error Rate	0	252	252	0	OK: Always passing
C9	<vendor-specific>	0	253	252	46	OK: Always passing
CA	<vendor-specific>	0	253	252	0	OK: Always passing
CB	<vendor-specific>	180	253	249	153	OK: Value is normal
CC	<vendor-specific>	0	253	252	0	OK: Always passing
CD	<vendor-specific>	0	253	252	0	OK: Always passing
CF	<vendor-specific>	0	252	252	0	OK: Always passing
D0	<vendor-specific>	0	252	252	0	OK: Always passing
D1	<vendor-specific>	0	253	253	0	OK: Always passing
63	<vendor-specific>	0	253	253	0	OK: Always passing
64	<vendor-specific>	0	253	253	0	OK: Always passing
65	<vendor-specific>	0	253	253	0	OK: Always passing
Hei den EVEREST Log vun enger gudder Festplack (ähnlegen Modell; Maxtor 6Y200L0):

Code: Select all

ID	Attribute Description	Threshold	Value	Worst	Data	Status
03	Spin Up Time	63	172	169	26513	OK: Value is normal
04	Start/Stop Count	0	253	253	130	OK: Always passing
05	Reallocated Sector Count	63	253	253	3	OK: Value is normal
06	Read Channel Margin	100	253	253	0	OK: Value is normal
07	Seek Error Rate	0	253	252	0	OK: Always passing
08	Seek Time Performance	187	249	241	61313	OK: Value is normal
09	Power-On Time Count	0	197	197	64514	OK: Always passing
0A	Spin Retry Count	157	245	243	7	OK: Value is normal
0B	Calibration Retry Count	223	253	252	0	OK: Value is normal
0C	Power Cycle Count	0	253	253	144	OK: Always passing
C0	Power-Off Retract Count	0	253	253	0	OK: Always passing
C1	Load/Unload Cycle Count	0	253	253	0	OK: Always passing
C2	Temperature	0	253	253	42	OK: Always passing
C3	Hardware ECC Recovered	0	253	252	20333	OK: Always passing
C4	Reallocation Event Count	0	253	253	0	OK: Always passing
C5	Current Pending Sector Count	0	253	253	0	OK: Always passing
C6	Off-Line Uncorrectable Sector Count	0	253	253	0	OK: Always passing
C7	Ultra ATA CRC Error Rate	0	199	199	0	OK: Always passing
C8	Write Error Rate	0	253	252	0	OK: Always passing
C9	<vendor-specific>	0	253	237	63	OK: Always passing
CA	<vendor-specific>	0	253	252	0	OK: Always passing
CB	<vendor-specific>	180	253	252	20	OK: Value is normal
CC	<vendor-specific>	0	253	252	0	OK: Always passing
CD	<vendor-specific>	0	253	252	0	OK: Always passing
CF	<vendor-specific>	0	246	244	6	OK: Always passing
D0	<vendor-specific>	0	253	252	0	OK: Always passing
D1	<vendor-specific>	0	197	197	0	OK: Always passing
63	<vendor-specific>	0	253	253	0	OK: Always passing
64	<vendor-specific>	0	253	253	0	OK: Always passing
65	<vendor-specific>	0	253	253	0	OK: Always passing
Déi gudd Festplack hued deelweis méi schlecht Werter wéi déi futti's.

:evil: :!: :?:
Image
User avatar
geohei
Site Admin
Posts: 3388
Joined: Tuesday, 19.11.2002 07:56
Location: Luxembourg
Contact:

Re: S.M.A.R.T. failure + SATA RAID Kaart

Post by geohei »

jc wrote:
geohei wrote:...
De Programm deen ech gemengt haat as den Recover4all, mee daat as fir geläschte Files erem ze kréien, deemno net daat richtegt fir dech.
Et gesäit effektiv net gudd aus. :(
Mam MAXBLAST4 (Maxtor) hun ech den MBR elo fresch beschriwen an déi all Partitioun, esoe wéi se war, erem zreck geschriwen (Dimensionen [CHS], Cluster Size, Fileformat, ... alles identesch). Den Windows erkennt d'Festplack erem! Sie ass natierlech eidel. Freet sech elo jhust ob ech alles eremkréien?

- Schreift dain Recover4all den recoverten File ob eng aaner Festplack/Partitioun, oder restored en den File ob dem selwechten logeschen Device?
- Hues du schon domat geschaft?
- Ass d'128 GB Grenz een Problem fir d'Programm?
- Kanns du mir en emol schecken pls.

TIA
Image
User avatar
jc
Posts even during sleep
Posts: 515
Joined: Friday, 28.05.2004 18:37

Re: S.M.A.R.T. failure + SATA RAID Kaart

Post by jc »

geohei wrote:- Schreift dain Recover4all den recoverten File ob eng aaner Festplack/Partitioun, oder restored en den File ob dem selwechten logeschen Device?
- Hues du schon domat geschaft?
- Ass d'128 GB Grenz een Problem fir d'Programm?
- Kanns du mir en emol schecken pls.
- En schreiwt d'Daten op en aanere Support, soss giff en rem alles iwerschreiwen.
- Ech haat en eng Kéier gebraucht fir e Kolleg, deen den HD formatéiert an zum Deel och schon rem iwerschriwen haat.
Mir hun e groussen Deel vun senge Fichieren erem kritt.
- Vun enger 128 GB Grenz weess ech näischt.
- More info & download fir den Recover4all Professional op http://www.recover4all.com/
Ech hun en offizielle K*** dofir, well mir en deemols kaaf haaten.
User avatar
geohei
Site Admin
Posts: 3388
Joined: Tuesday, 19.11.2002 07:56
Location: Luxembourg
Contact:

Re: S.M.A.R.T. failure + SATA RAID Kaart

Post by geohei »

jc wrote:- En schreiwt d'Daten op en aanere Support, soss giff en rem alles iwerschreiwen.
- Ech haat en eng Kéier gebraucht fir e Kolleg, deen den HD formatéiert an zum Deel och schon rem iwerschriwen haat.
Mir hun e groussen Deel vun senge Fichieren erem kritt.
- Vun enger 128 GB Grenz weess ech näischt.
- More info & download fir den Recover4all Professional op http://www.recover4all.com/
Ech hun en offizielle K*** dofir, well mir en deemols kaaf haaten.
Ech hun elo mat der Versioun 2.26 getest. Leider hued en guer neischt erkannt. Mir schengt et als géif en nemmen deleted files recoveren, mee keng déi no engem Format nach do sin, oder ?!?!
Image
User avatar
jc
Posts even during sleep
Posts: 515
Joined: Friday, 28.05.2004 18:37

Re: S.M.A.R.T. failure + SATA RAID Kaart

Post by jc »

geohei wrote:Ech hun elo mat der Versioun 2.26 getest. Leider hued en guer neischt erkannt. Mir schengt et als géif en nemmen deleted files recoveren, mee keng déi no engem Format nach do sin, oder ?!?!
Hmm, dat wonnert mech awer. Ech sin zwar baal sëcher dass daat anert (unformat) och gang as.
Vläicht get et nach en aneren Programm deen daat kann?!?

Ech hun lo bessi um Internet gesicht, do get et e ganze Koup "recovery" software fir Daten déi "corrupted, damaged, deleted or lost" sin.
ZB: http://www.software-recovery.com/
Vläicht hues du Chance a fënns déi richteg Software. Ech kann der lo direkt keng nennen, wou et an dengem Fall funktionnéiert. :?
User avatar
geohei
Site Admin
Posts: 3388
Joined: Tuesday, 19.11.2002 07:56
Location: Luxembourg
Contact:

Re: S.M.A.R.T. failure + SATA RAID Kaart

Post by geohei »

jc wrote:Hmm, dat wonnert mech awer. Ech sin zwar baal sëcher dass daat anert (unformat) och gang as.
Vläicht get et nach en aneren Programm deen daat kann?!?

Ech hun lo bessi um Internet gesicht, do get et e ganze Koup "recovery" software fir Daten déi "corrupted, damaged, deleted or lost" sin.
ZB: http://www.software-recovery.com/
Vläicht hues du Chance a fënns déi richteg Software. Ech kann der lo direkt keng nennen, wou et an dengem Fall funktionnéiert. :?
Merci fir deng "Recherche"!

Ech hun et elo drop ukommen geloos. Ech hun mam MAXBLAST (Maxtor Utility) den MBR fresch geschriwen an d'Partitioun mat den selwechten Parameteren (Size, logical drive, filesystem, cluster size, ...) fresch erstallt. Duerno wor d'Plack erem aus dem Windows, Partition Magic (an allen aaneren Tools déi ech probéiert hun) visible/uspriechbar! Sie ass also net futti!

Ech hun den "RECOVERY for Windows 3.0" elo e puer Stonnen driwer laafen geloos. Et sin en ganzen Koup File greng (= déi misst ech erem kréien). Am Moment kann ech et jhust nach net testen well ech keng Ersatz Festplack hun. Déi gett muer bestallt.

BTW ... den marc hued mir eng ganz (!) gudd Adresse gin fir Profien esoe Saachen ze froen. Am Forum krut ech TOP Änferten :!: :!: :!:.

Wann daat hei elo gudd ausgeet, dann sin ech nach eemol mat engem bloen Aan dovun komm. Secher ass allerdengs dass mindestens 4 Sektors futti sin = 4 Files wärten futsch sin, waat keen Problem ass. Egal wéi kucken ech an den nächsten Deech een SATA RAID ze kréien.

Bleiwen 2 Froen:

1. Wéi kann den MBR esoe futti goen?

2. Wellechen Tool kann een astzen fir pending disk failures ze detektéiren vrun deem et ze speit ass.
Eppes vun deenen heien gett installéiert!
Image
User avatar
geohei
Site Admin
Posts: 3388
Joined: Tuesday, 19.11.2002 07:56
Location: Luxembourg
Contact:

Post by geohei »

Ech hun am nichles.de den Tipp kritt "GetDataBack for NTFS" eemol driwer laafen ze loosen.

Image

Gesait net schlecht aus, obwuehl ech dovun ausgin dass minimum 4-5 Files futsch sin (well déi Sektoren net méi kennen durch Reserve Sektoren ersaat gin - eng Info aus dem SMART).

Daat hei ass iwrigens mat Oofstand deen beschten Tool fir Recovery deen ech bis elo am Grapp haat. Ech waarden elo bis ech déi nei Plack hun, dann gesin mir waat hei effektiv ze maan ass.
Image
User avatar
jc
Posts even during sleep
Posts: 515
Joined: Friday, 28.05.2004 18:37

Post by jc »

Hey, daat gesäit jo gudd aus :!:
Wanns de alles eriwer kopéiert hues kanns de evtl. di Daten vun deene futtie Sektore awer nach retten.
User avatar
geohei
Site Admin
Posts: 3388
Joined: Tuesday, 19.11.2002 07:56
Location: Luxembourg
Contact:

Post by geohei »

jc wrote:Hey, daat gesäit jo gudd aus :!:
Wanns de alles eriwer kopéiert hues kanns de evtl. di Daten vun deene futtie Sektore awer nach retten.
:!: :?: Firwaat :?:
Image
User avatar
jc
Posts even during sleep
Posts: 515
Joined: Friday, 28.05.2004 18:37

Post by jc »

jc wrote:Wanns de alles eriwer kopéiert hues kanns de evtl. di Daten vun deene futtie Sektore awer nach retten.
Et sin jo verschidde Sektore um HD futti. Déi Daten kriss du net méi erem.
Doduerch kriss de dee komplette Film och net méi op en aneren HD kopéiert obschon just vläicht e puer Sekonne vum ganze Film betraff sin.
Wanns de lo z.B. den Norton Disk Doctor driwerlaafe léis, dann schreiwt deen den Film op eng aner Plaatz vum HD ouni di futti Sektoren. Waat mat sech brengt dass du de Film duerno trotzdem kanns kopéieren.
Post Reply